FRÉIJOERSRANDONNÉE 2021

  frdefr

An dësem Joer bitt iech den Organisatiounscomité vum POSTCYCLING ausnamsweis eng virtuell Erausfuerderung, an dat net nëmmen
um sportleche Plang mee och duerch eng Solidaritéits Aktioun , fir esou vill ewéi méiglech Geld fir Stëftung SOS Kannerduerf ze sammelen.

  • Des virtuell Ronnfaart fënnt den Samschden 15 an 16 Mee 2021 statt.
  • Den Vëlo dee benotzt gëtt ass net virgeschriwwen.
  • Fir Kanner an Jugendlech ënner 16 Joer, déi vun engem Erwuessenen begleet ginn, ass déi ze fuerend Streck op mindestens 5 km festgeluecht.
  • Fir Jonk an Aal, ab 16 Joer, bedréit déi ze fuerend Streck mindestens 60 km .
  • Déi Gesamt ze fuerend Kilometeren kennen op déi zwee Deeg verdeelt ginn.
  • D’Registréierung ass gratis awer obligatoresch. D’Umeldungen si bis den 8 Mee méiglech.
  • POST Lëtzebuerg zesummen mam POSTCYCLING spenden 5 € un d’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf fir all Participant deen eis seng gefueren Kilometeren zeréckschéckt.
  • All Participant kann och eng perséinlech Spend un d’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf tätegen duerch eng Iwwerweisung op de Konto
    CCPL LU55 1111 0564 1558 0000  vun der Amicale POST Luxembourg –  mat Vermierk  ‘DON RADONNEE’.
    Ënnert all de Spender gëtt eng Verlousung duerchgefouert, bei därer et e puer Präisser ze gewannen gëtt. Den 1ten Präis ass een week-end am Hôtel « LE CLERVAUX » zu Clierf .
    Zéiung vun der Tombola ass den 2 Juni 2021.
  • D’Gesamtheet vun dem Erléiss gëtt un d’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf gespent.
  • Déi gefueren Gesamt Kilometeren déi der gefuer hutt musst der eis un eisen Site postcycling.lu zeréckschécken.
    Dir kënnt ärer Erausfuerderung och e puer Fotoen schéissen an eis déi mat era schécken. Déi 3 originellsten Fotoen gi priméiert.
  • Et gëtt keng Ranglëscht erstallt. Et gëtt eng Lescht an alphabetescher Reiefolleg mat deenen vun iech gefueren Kilometer verëffentlecht.
  • POST Lëtzebuerg schéckt all Participant an all Spender zwou bis dräi Wochen no der Veranstaltung eng Iwwerraschung zou.


Während der Erausfuerderung verflicht all Participant sech un:

  1. Hygiènesvirschrëften vun deem dem Land, wou säi Parcours mécht, ze halen.
  2. D’Reegelen vun der Kierperlecher Distanz an de gestes barrières ze halen.
  3. D’Kommunal Virschrëften , déi an sengem Wunnuert bestinn, ze halen.
  4. D’Verkéiersreegelen ze halen an d’Verkéiersschëlder ze respektéieren.
  5. An enger kierperlecher gudder Verfassung ze sinn an dass dir gewinnt sidd déi gewielte Streck ze fueren.
  6. Net deelzehuelen wann en Symptomer vu COVID-19 huet oder aner gesondheetlech Problemer opweist.
  7. D’Participatioun läit an eegener Verantwortung.
  8. De Veranstalter net op Schuedenersaz ze !en verkloen, weder bei physesch, materiell oder rechtlechen Schied.
  9. Den Inhalt vun dëser Charta an Regelen gelies ze hunn an ze akzeptéieren, an dat befier en seng Participatioun bestätegt.